Den Tom, Felix, Philippe, Max, Richard an Noah vum Lycée Josy Barthel Mamer hunn am Kader vum Fach „Vie et Société“ Doe gesammelt.
„Mir hunn eis geduecht, dass mir eis gesammelt Suen un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner spenden, well déi betraffe Kanner a Famillen dës Ënnerstëtzung dringend néideg hunn.“ sou d’engagéiert Schüler vum LJBM.
Bei hirer Aktioun hunn si 170€ zesummekritt an dofir hiren Hobby mat engem gudden Zweck verbonnen: „Panecher a Popcorn hu mir wärend de Pausen u Schüler a Proffe verkaf. Mir hunn dëse Projet gemaach, well eis éischtens, den Asaz fir kriibskrank Kanner vill um Häerze läit, an zweetens well mir ganz gäre baken.“
D’Fondatioun Kriibskrank Kanner huet de 27. Februar déi Jonk mat hirer Enseignante am hire Raimlechkeeten zu Stroossen fir eng Virstellung vun der Aarbecht vun der Fondatioun a fir eng Scheckiwwerreechung agelueden. D’Fondatioun ass dem Tom, Felix, Philippe, Max, Richard an Noah dankbar fir hiren Asaz an d’Suen déi si gesammelt hunn. Och all Professer an all Schüler deen de Projet ënnerstëtzt huet, soe mir e grousse Merci.
Egal ob jonk oder al, jiddereen kann dem Virbild vun de 6 Jugendlecher follegen an Doen fir d’Fondatioun sammelen. Egal ob Kuch baken, en Event organiséieren oder einfach eng Spendesäit op www.fondatioun.lu/ creer-une-page-de-collecte erstellen – all Euro am Kampf géint de Kannerkriibs hëlleft!