Adventsbazar Stroossen: Scheckiwwerreechung

Och 2023 huet d’Bazarsequipe vun den Oeuvres Paroissiales Stroossen nees hiren traditionellen Adventsbazar fir de gudden Zweck organiséiert. Aus dem Erléis dovun an aner klengen Aktivitéite konnten si 2 Schecke vu jeeweils € 4500.- iwwerreechen.

Den éischte Scheck huet de Pit Kayser an Empfang geholl, fir Cooperation Humanitaire Luxembourg , eng ONG déi sech em Meedercher am Nepal an op de Philippinne këmmert.  Enn zweete Scheck goung un d’Fondation Solina fir hire Projet ‚op de Patten‘, wou Kanner a Jugendlech déiergeschützt pädagogesch an therapeutesch Interventioun ugebuede kréien. Si ware vertruede duerch d' Michèle Kridel an de Jerry Fellens.