Cäcilienfeier bei der Chorale Les Villageois Contern

Um Fest vun eiser Patréinesch, der helleger Cäcilia, hu mir 2 verdéngschtvoll Membren geéiert. Des Éierung war während eisem Banquet am Restaurant.
Et goufen ausgezeechent :
D’Mme Jeanny Peffer-Nilles mat der Bronze - Medaille fir 10 Joer Aktivitéit.
D’Mme Michèle Jung-Assa mat der Goldplakette fir 50 Joer Aktivitéit.
De Patrick Jemming vum Piusverband huet d’Karriär vun den 2 Sängerinnen kuerz erkläert an hinnen am Numm vum Verband di beschte Gléckwënsch iwerbruecht.
De Robi Müller, President vun der Chorale, huet a senger Usprooch alle Sängerinnen a Sänger, dem Dirigent, dem Organist an allen Hëllefer am Hannergrond ee grousse Merci gesoot fir den Asaz iwert d’Joer fir de Veräin.
Beim engem wonnerbare Menü, begleet vun enger gudder Drëps vun der Musel, ass anstänneg gefeiert ginn.