1. Bootsrallye zu Schwéidsbeng

1. Boots-Rallye zu Schwéidsbeng

De Réen wor leider um Rendez-vous an huet den Organisatoren vun der Boots-Rallye
2011, dem "Motor Yacht Club Luxembourg" e bessi e Strech duerch d'Rechnung gemach, sou, dass nemmen 8 Booter um Rallye deelgeholl hun.

Fir dei dei awer derbei woren, wor et flotten, löschtegen Daag op der Musel mat flotten Spiller a interessanten Froën.

Den 1. Départ am Hafen zu Schwéidsbeng wor um halwer 11. Kuerz virdrun wor e Briefing fir d'Skipperen an der "Brasserie du Port".

Vum Hafen aus ass et op Schengen gang wou den eischten Kontrollpunkt wor. Vun do aus, ass et op Besch(D), Bech-Klengmaacher, Réimech an nees zreck an den Hafen gangen.

Owes dun, wor d'Preisiwerrechung.

Hei d'Klassement:

1. Banz Julien (Cara-Bella)

2. Schons Fred (Castor)

3. Hammer Claude (Hammer)

4. Kettel Romain (Carine)

5. Zitterbart Wolfgang (MS Nana)

6 Gilson Jean (Palda)

7. Nepper Frank (Harmonie)

8. Salvo Salvatore