Ensemble pour un Monde Uni – eng beandrockend Aktioun

Aus dem Numm “Jeunes pour un Monde Uni” ass an de leschte Joren “Ensemble pour un Monde Uni” ginn, mee Zil vun der ganzer Equipe ass nach ëmmer d’selwecht. Si setzen sech an fir deene Leit op der Welt ze hëllefen déi op Hëllef ugewise sinn. Sou schaffen si un enger “gëeenter Welt” wéi den Numm et och seet.


D’Elisabeth Biver vu Schëffleng ass säit 2007 di dreiwend Kraaft hannert dësem Groupe dee Gebeess fir de Gudden Zweck kacht. 6 Leit engagéieren sech hei an d’Aufgabe si ganz kloer opgedeelt. D’Uebst kënnt zu Kayl bei der Famill Schumann un, wou de Fernand mat vill Léift a Gedold alles schneit an opbereet fir dass et da vum Rescht vun der Equipe zu Schëffleng zu Gebeess gekacht ka ginn. An hei entsti super Goût’en déi mëttlerweil op ganz ville Plazen am Land bekannt sinn.


D’Equipe vu Schëffleng huet ëmmer “d’Action pour un Monde Uni” (AMU) mat hire Spenden ënnerstëtzt. Op d’Fro hi virwaat si ëmmer déi selwecht ONG ënnerstëtzen, sote si “well mir en Deel vun der AMU sinn, mir schaffen un dem selwechten Zil".


2024 hu si schonn iwwer 1000 Glieser gekacht an och verkaaft. Vill Gebeess gëtt u Frënn a Kolleege verkaaft, oft steet d’Equipe vu Schëffleng hannert engem Stand op engem Maart, oder dat gutt Gebeess ass am Buttek Mosaïk zu Fëlschdref ze fannen.

Dëst Joer konnt en Don vu 4000 € un d’AMU gemaach ginn. Vun 2022 bis 2024 konnte bis elo Spenden an enger Héicht vun 20.000 € weidergi ginn.