Engagéiert fir hir Matmënschen

ENGAGEIERT FIR HIR MATMËNSCHEN

Scheckiwwerreechunge vun de Sandweiler Massendénger

Op Karfreideg a Karsamschdeg ginn d’Sandweiler Massendénger klibberen, zesumme mat Frënn a Kolleegen. Vill Leit sinn dankbar, datt des al Traditioun weidergeféiert gëtt a belounen dofir d’Kanner a Jugendlech mat ville Séissegkeeten an och Geld.

Well d’Massendénger der Meenung sinn, datt et hinnen dach wierklech gutt geet, deelen si hire Klibberloun mat Mënschen, déi Ënnerstëtzung brauchen.

Dofir hunn si de 7.7.2024  am Centre Culturel zu Sandweiler 2 Schecken iwwerreecht un 2 verschidden Organisatiounen.

D’Madame Dany Frank, Coordinatrice vun de Benevollen vun der « Stëmm vun der Strooss »  huet erzielt, wéi d’ »Stëmm vun der Strooss » organiséiert ass. Enner anerem gi si ronn 720 Mëttegiesse pro Dag , op 3 Sitten zu Hollerech, Esch an Ettelbréck u Mënschen, déi sech soss keen Iesse kënne leeschten. Hire Restaurant zu Hollerech muss vergréissert ginn- well d’Besoine wuessen-  an do wäerten déi 500 € dankbar agesat ginn!

D’Madame Laura Veneziani, Directrice vun “Tricentenaire asbl” huet de Massendénger an hiren Elteren erkläert, wéi déi 500 € agesat ginn, déi si fir hir Organisatioun kritt huet. Kanner mat enger Behënnerung, déi am Tricentenaire betreit ginn, kréien duerch duerch Donen d’Méiglechkeet, fir e puer Deeg kënnen an d’Vakanz ze goen – mat der néideger Betreiung, déi duerch den Service “321 Vakanz” organiséiert gëtt. Dofir wäerten och des 500€ vill Freed kënne maachen!

Zwar konnten net all Sandweiler Massendénger bei der Scheckiwwerreechung dobäi sinn, mee et ass hinnen all wichteg, datt si aus engem chrëschtlechen Engagement eraus Guddes wëlle maachen.