Gléckwënsch fir d'Albertine Victor zum 85. Gebuertsdag



Sëll: Di flott Traditioun, fir hir Matbierger am héichen Alter aus der Gemeng Sëll zu hirem Gebuertsdag ze gratuléieren ass viru kuurzem och nees weidergefuert gin. Dess Kéier war et fir de Buergermeechter Gérard Zoller mat senge Läit aus dem Schëffen- a Gemengerot eng besonnesch Éier, fir dem Albertine Victor vu Sëll op den Dag genau mat schéine Blummen an enger gut gefëllter Corbeille, di allerbëscht Gléckwënsch zum 85. Gebuertdag ze iwerbrëngen. A Senger Ried huet de Buergermeeschter a kuurze Wieder d’Liewen vum Albertine erzilet. D’Jubilarin huet den 4. Dezember 1939 zu Ettelbréck d’Liicht vun der Welt erbléckt. Si war dat eenzegt Meedchen vum Nicolas Victor vu Sëll an dem Lisa Glesener vu Foulscht. Opgewues zu Sëll am Krich, a mat villen Erënnerungen vun den no- Krichs Joëren, a kann sech haut nach gut kann erënneren, wou d’amerikanisch Zaldoten den Knetschgummi verdeelt hun. Am Krich ass d’Famill mam Paerdswôn an den Süden geflücht. 1962, no der Hochzäit mam Alphonse Mouschang, ass d’Albertine op Lannen geplënnert. Am Joer 1964 koum de Carlo op d’Welt. Haut ass d’Jubilarin och ganz stolz op hir zwee Enkelkanner. Ufanks den 80e Joeren ass d’Famill op Dikerich geplënnert. Do huet d’Albertine esou eng Art Bed and Breakfast bedriwen an vill Touristen bekäschtigt. Mee d‘Léiwt fir Sëll war méi staark, ufanks den 1990 Joeren ass d’Famill nees op Sëll geplënnert. No an no ëmmt 1996/1997, sin di aal Ställ dann och als Appartementshäiser ëmgebaut gin. Als groussen Déierefrënd, huet d’Albertine Paerd gehaalen an och di Sëller Kaatzen sin och regelmässig bei hat op Besuch komm. Haut fillt d’Jubilarin sech och nach bei gudder Gesondheet an huet och villmols Merci gesoot fir de léiwe Besuch vun der Gemeng. Zesummen mat der Famill ass d’Glas uerhuewe gin, an op den 85. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)