An der Owesmass vum drëtten Adventssonndeg, de 15. Dezember 2024 sinn d‘Massendénger*innen aus der Gemeng Betzder fir hir Verdéngschter am leschte Kierchejoer geiert ginn. Vun den 22 ageschriwwenen Kanner a Jugendlecher sinn hir Presenzen an de Massen opgezielt ginn. Dat waren der insgesamt 290 iwwert dat ganz Joer. Am Ranking sinn d’Alisa mat 50 Presenzen an d‘Angelina mat 36 extra ze ernimmen.
De Paul Ringler als President vun de Massendénger*innen huet nach e puer Fotoe vun den Aktivitéiten iwwert d’Joer kommentéiert. Do sinn ze ernimmen d’Fleeg vun hirem Gaart, d’Klibberen an Bedeelegung an der Oktav an an der Schlusspressessioun.