Galaconcert HAPPY HOUR vun der Harmonie Rollengergronn
to see more pictures.
De Galaconcert «Happy Hour» , op deen d’Harmonie Rollengergronn den 2. Dezember invitéiert hat , war dëst Joer e ganz Besonneschen. D’Musikanten an de Comité hunn hirem Dirigent, dem Ivan Boumans, deen 12 Joer mat ganz vill Engagement a Kreativitéit den Taktstaf geschwongen huet, Äddi gesot.
Esou Momenter si seelen am Rollengergronn. Et si se an deene leschte 77 Joer eréischt 5 Mol ginn. Domat ass de Uilson Castro, deen am Juli dëst Joer d’Relève geholl huet, elo de 6. Dirigent am Rollengergronn.
Virum engem komplett gefëllte Sall huet hien, zesumme mat de Musikanten, de Publikum konnte begeeschteren. Ugefaange gouf de Concert mat «Second Suite in F» vum Gustav Holst, ier dunn den Ivan Boumans eng leschte Kéier nom Taktstaf gegraff huet, fir «Choreography» vum Robert Sheldon ze dirigéieren. Duerno koum et dunn zur offizieller Baguetteiwwerreechung, bei där och déi traditionell, mat ville gudde Saache beluechte BAGUETTE natierlech net duerft feelen ! Mat «Basilica di San Marco» vum Mario Bürki a «Mary’s Boy Child» vum Jester Hairston an engem Arrangement vum Philip Sparke goung et dunn an d’Paus.
Mat «Life in the Capital City» an engem emotionale Solo um Vibraphon a Klackespill ass et no der Paus weidergaangen. «Return to Neverland», «Bruremarsj fra Lødingen», en traditionellen Hochzeitsmarsch aus Norwegen, an «André Rieu in Concert» an der Zugab hu weider dofir gesuergt, dass fir all Goût eppes dobäi war.
Et wor deemno e flotten a ganz besonneschen Owend, um Enn vun deem d’Musikanten, hire Comité an hir Frënn vun der Amicale dem Ivan nëmmen dat Allerbescht op sengem weidere musikalesche Wee wënschen a sech drop freeën, mat hirem neie Chef, dem Uilson, nei Weeër ze goen.
An deem Sënn : Merci Ivan ! Wëllkomm Uilson !