9 Nei Gediechtnistrainer*innen beim LVGT

Den 20. September 2024 huet de Lëtzebuerger Veräin fir Gediechtnistraining asbl (LVGT) un 9 nei “Ganzheetlech Gediechtnistrainer*innen” de Zertifikat iwwerreecht. Wärend dräi Woche goufen Dammen an d’Hären vun der Ausbildungsreferentin, der Madame Regina Marquardt (steet lénks am Bild), vum BVGT (Deutscher Bundesverband für Ganzheitliches Gedächtnistraining e.V.) ausgebilt.

Wann Dir als Club Senior oder Gemeng interesséiert sidd fir Gediechtnistraining unzebidden, da kontaktéiert eis gäre per E-Mail op info@lvgt.lu.

Zesumme mat hirem Zertifikat kruten déi nei Formatricen och en Übungsheft, dat de Veräin 2023 op Lëtzebuergesch an op Franzéisch publizéiert huet.

Sidd dir och un engem Übungsheft interesséiert kënnt dir dat fir 25€ iwwer eis Mail-Adress bestelle mam Vermierk op dir ee lëtzebuergescht oder franséischt Heft wëllt.

Am Fréijoer 2024 gouf een éischte Grupp vun 10 neien Gedichtnistrainerinnen fäerdeg, esou dass de Veräin sech elo op 28 Member verduebelt huet.

More news by Elisabeth Schumann-Bastian >