CSV Réiserbann - Communiqué


Léif Réiserbänner,

E Sonndeg si Gemengewalen. D’CSV Réiserbann huet Iech hire Walprogramm presentéiert. Mir hunn eis iwwer vill Saache Gedanke gemaach, déi mir zum Wuel vun eise Matbierger wëlle realiséieren.

An deenen nächste Joeren steet eis Gemeng viru groussen Erausfuerderungen: de Projet Léiweng mam geplangte Centre Commercial a Footballsterrain, de Verkéier deen ëmmer méi zouhëllt, d'Verbesserung vun den Infrastrukturen, d'Uwuessen vun der Bevölkerung an d'Sanéierung vun eise Gemengefinanzen.

Wat den Dossier "Léiweng" ugeet, sou hu mir eis Positioun kloer gemaach: d’CSV Réiserbann ass géint dëse Mega-Projet! Mir sinn derfir fir mëttelstänneg a propper Betriber an d’Gemeng ze kréien, vun deenen d’Awunner aus dem Réiserbann och en direkten Notzen hunn.

Wa mir den Optrag vun Iech kréien am Schäfferot kënne matzebestëmmen, engagéiert d'CSV Réiserbann sech, fir d‘Liewensqualitéit vun allen Awunner ze erhalen.

http://roeser.csv.lu/