Reisdorf Kreativ - Konscht op der Sauer

Reisdorf Kreativ - Konscht op der Sauer: Ee Maart fir Handwierk a Konscht mat enger grousser Palette vu Stänn

De Sonndeg, den 21. Juli, vun 11 bis 18 Auer, fënnt am Centre Polyvalent zu Reisduerf de “Reisdorf Kreativ - Konscht op der Sauer” statt. Dëse charmante Maart fir Handwierk a Konscht bitt den Visiteuren d’Méiglechkeet, eenzegaarteg handgemachte Konschtwierker ze entdecken an ze kafen.

Hei sinn e puer Detailer vum Mäert:

34 Aussteller presentéieren hir Wierker . 21 dovu sinn an der Hal an 13 dobaussen.

D’Palett vun de Konschtwierker ass grouss. D’Visiteure kënnen Holzaarbechten, Poschen, Schmuck an ënnerschiddleche Stiler, Biller, Scrapbooking, Seide Schaler, bemoolte Strausseneeër, Drechselaarbechten, Gléckwonschkaarten, Cartonnage, Skalpellschnëttechnik am Pabeier, Pop-up-Kaarten, handgemaachte Bicken, Klöppel-Aarbechten, Airbrush-Konscht, Upcycling-Objete, Eisenaarbechten, Natur-Makrofotografie an handbemollte Käerzen bewonneren.

D’lokal Veräiner suerge fir d´ Iessen a Gedrénks..

D’Veranstaltung gëtt vun der Kommunikatiouns- a Kulturkommissioun vun der Gemeng Reisduerf an Zesummenaarbecht mat den Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert.

D’Aussteller freeën sech op Äre Besuch!

Info: https://hobbykl.lu/news-an-aktuelles.php