1monthfree

Vorstellung 'Wëllplanzesom Lëtzebuerg - Stauden'

Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Stauden

Produktioun vu Wëllstaude mat Qualitéitssigel


D’Nofro no heemesche Wëllstaude klëmmt, an dat zu Recht: Si gesinn net nëmme schéin aus, mee bidde ville Bestëbser Fudder a Liewensraum, a fërderen d’Aartevillfalt. Ënnert dem neien Zertifikat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Stauden ginn ab dësem Joer Wëllstauden mat gebittseegener Hierkonftsqualitéit no ekologesche Krittäre produzéiert a verkaf.


Zanter 2018 gëtt zu Lëtzebuerg mat der Finanzéierung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Geseems vun heemesche Wëllplanzen aus zertifizéiertem regionalem Ubau produzéiert an als LUX-Mëschunge vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg verkaf. Ab dësem Joer ginn elo och Wëllstauden opgezunn. Dofir gouf d’lescht Joer e Reegelwierk fir d’Zertifizéierung vun der Wëllstaudeproduktioun erstallt. Doranner si Qualitéits- an Nohaltegkeetskrittäre festgeluecht. De Qualitéitssigel zu dëser Zertifizéierung gëtt dem Keefer d’Sécherheet, dass d’Krittären agehale ginn an et sech ëm Stauden mat regionaler Hierkonftsqualitéit vu Lëtzebuerg handelt.


Véier Lëtzebuerger Gäertnereien zillen de Moment fläisseg faarweg bléiend a bestëbserfrëndlech Wëllstauden op, fir se ab dem Fréijoer unzebidden. Dës Staude fannen an der Gestaltung vu Staudebeeter a Privatgäert, an op ëffentleche Flächen an de Gemengen hier Verwendung.


Méi Informatiounen op wellplanzen.lu