Helleger Klara, d'Patréinesch vun der Par Atertdall Sainte-Claire.

Haut, Sonndig, den 11. August 2024, ass d'Fest vun der Helleger Klara, d'Patréinesch vun der Par Atertdall Sainte-Claire.
Den Owend um 18.30 Auer war Houmass zum Fest
zu Réiden an der Kierch. D'Statu vun der Hl. Klara huet eng Éiereplatz vir an der Kierch, déi vum Felicie Clesen mat Blumme schéi gerëscht ass. Et war eng feierlich Mass, gehalen vum Pater Jean-Jacques Flammang, Dechen a Curé moderateur vun der Par Atertdall Ste Claire, gesong vu Sänger aus dem Réidener Gesank zesumme mat alle Leit, a begleet vum Carlo Philippe op der Uergel. Zousätzlech huet dien mat verschiddene Stécker aus "15 Momenti Francescani" vum Andreas Wilscher de Gottesdingscht nach verschéinert.



(FOTOEN & TEXT: Betty Heimermann )