Réiden/Atert: Bei gudder Gesondheet konnt d’Eliane Fasbinder-Servais hiren 100. Gebuertsdag am Home pour Personnes Agées St. François zu Réiden/Atert feieren, wou d’Jubilarin sech säit 2016 wuel fillt. Als eelst Duechter vun dräi Kanner aus dem Bestietnis vum Nicolas Servais a Victorine Schroeder, huet d’Eliane den 11. November 1924 zu Réidel (Radelange / Belgique) bei Martel d’Liicht vun der Welt erbléckt. Si huet zu Noutem (Nothomb / Belgique) gewunnt, ass och do an d’Schoul gaang, war zu Atert an der Haushaltungsschoul an huet duerno eng Léier zu Arel als Néiesch gemeet. Den 1. Oktober 1947 ass Hochzäit gefeiert gi mam Joseph Fasbinder vun Ell, dee Bréifdréier zu Réiden op der Post war. Si hunn zesumme mat hiren zwee Kanner zu Réiden gewunnt, an no an no huet d’Famill Fasbinder-Servais sech ëm zwee Enkel- an fënnef Urenkelkanner vergréissert. Am Joer 1989 ass dem Eliane säi Mann Joseph verstuerwen an zanterhier huet si eleng an hirem Haus zu Réiden an der Osperstrooss gewunnt, bis si an d’Altersheim zu Réiden geplënnert ass. Esou e ronne Gebuertsdag huet jo misse gefeiert ginn an dat war viru kuerzem och de Fall. Bei ville Familljen- an Éieregäscht war et hire Jong Fernand, deen hir häerzlich gratuléiert a villmols Merci gesot huet fir alles, wat si an hirem Liewe gemeet huet. Hir Urenkelin Hannah ass mat léiwe Wierder op d’Liewe vu senger Urbomi agaang an huet hir e Fotobuch mat ville schéinen Erënnerunge geschenkt. A Präsenz vum René Wirth aus der Generaldirektioun war et den Direkter aus dem Home, Dany Oestreicher, grad ewéi och de Buergermeeschter Henri Gerekens, déi am Numm vum Haus an och säitens der Gemeng Réiden/Atert, der Jubilarin Eliane Fasbinder-Servais häerzlich gratuléiert an hir fir d‘Zukunft nëmmen dat Allerbescht gewënscht hunn. Bei där Geleeënheet huet de Familljeminister Max Hahn mat enger schéiner Corbeille a mat Freed d’Gratulatioune vum Groussherzoglichen Haff an der Regierung iwwerbruecht. Ganz geréiert war d’Jubilarin, wéi de Minister hir d’Medaille de Mérite ugespéngelt huet. No senge Gratulatiounen huet de Minister et och nit verfeelt, fir der Direktioun mam Personal villmols Merci ze soen, déi ëmmer mat vill Léift an Asaz fir déi gutt Fleeg vun de Senioren do sinn. Duerno gouf de grousse Gebuertsdagskuch präsentéiert an zesumme mat der Famill ass op weider gesond an zefridde Joren ugestouss ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)