1monthfree

Pot de Bienvenu an e Kado an der Gemeng Rammerich


Rammerich: An der Gemeng Rammerich ass et schon zënter Joeren di schéin Traditioun fir all nei Matbierger op en Pot de Bienvenue ze invitéieren. Esou war et dest Joer och de Fall, wou vill nei Familljen der Aluedung vun der Gemeng an de centre culturel op Ueschdref nokomm waren fir sech och ënnerneen besser kënnen ze léieren. A senger Laudatio huet d’Madame Buergermeeschter Myriam Binck a Presenz vum Gemengen- a Schäfferot all denen neien Matbierger alles Guddes an Zefriddenheet op hirem Liewenswee an der schéiner Gemeng Rammerich gewënscht. Zugläich huet si op di verschidden Veräiner higewissen, di an der Gemeng ganz aktiv sin an och mat engem Stand hei vertrueden waren, fir denen neien Matbierger d’Geleeënheet ze gin fir sech e Bild vun hiren Aktivitéiten ze machen a sech och können aktiv ze bedeeligen. Bei engem gudde Patt huet och jidderreen e klenge Kado als Unerkënnung vun der Gemeng iwerreecht kritt. No e puer angenehmer Stonnen a gudder Gesellschaft huet dess schéi Feier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)