1monthfree

Adventsfënsteren an der Gemeng Pëtschent - Mir soen Merci

No de generéise Spende bei der Aktioun vun den Adventsfënsteren, hat d' Kulturkommissioun eng Offer fir Schlofsäck bei verschiddene Geschäfter hei am Land ugefrot.

Am Raum Ettelbréck hu mir am Moment ongeféier 30 Leit, déi keen Doheem méi hunn, Tendenz steigend. Am Wanter verbrénge si hier Nuechten a Parkhaiser, Toiletten, oder Änleches, dofir goufe Schlofsäck kaaft déi och bei Minusgraden bësse wärem halen.

Laut de Mataarbechter vun der Jugend an Drogenhëllef waren nei Schlofsäck batter néideg, well kee Stock méi do war. Vill Leit kënnen nëtt onbedéngt fir hir Situatioun, an dofir si mir frou fir op dësem Wee bësse kënnen ze hëllefen

Ee Sportsgeschäft vun Angelduerf ass eis mat enger gudder Offer entgéint komm, an huet esou guer mat engem Schlofsak op 20 Stéck opgeronnt.

Zesumme mam Här Thierry Classen vum Asport Angelduerf huet d' Kulturkommissioun dës elo un d' Madamm Martina Kap vun der Jugend an Drogenhëllef iwwerreecht.

D' Vertrieder vun der Jugend an Drogenhëllef an d' Kulturkommissioun aus der Gemeng Pëtschent soen all de Leit déi gespent hunn, nach eng Kéier ee grousse Merci