Flotte Vernissage
En Donneschden, 21ten November hun d'HOBBYKËNSCHTLER LËTZEBUERG asbl. op hiren Vernissage a Rousen zu Péiténg invitéiert. D'Päsidentin vun HKL d'Madame Eliane LOTHRITZ, ( Foto) huet dann och di vill Kënschtler, am ganzen waren si zu 14, virgestallt, déi hir Wierker vun Biller an Skulpturen präsentéiert hun. Dat sin ënneranerem; Eliane LOTHRITZ, Monique BINTZ, Guy SCHOLTES
, Maggy FERRON-KUGENER, Raymonde HOLZ-BROCHMANN, Jos JOHANNS, Elay KARAKURT, Hsuan CHIH LEE, Bruno LOPES, Aline PHILIPART, Fernand PUTZ, Pascalle RYDER, Marie SIERRA an Sophie WOLFF. Organiséiert gouf de Vernissage vum péiténger Syndicat d'Initiative et de Tourisme an presentéiert vum SITP-Vizepresident Jacques SCHWACHTGEN. Vum péiténger Gemengerot haten sech d'Madame Raymonde CONTER an den Nico BARNABO afond esou wéi och den Éierebuergermeeschter Roger KLEIN. No de Presentatiounen a Rieden, huet d'Madame Conter dann och de Patt fräi gin, deen vun der Gemeng Péiténg offréiert gouf.