35. Generalversammlung vun der Amicale aus der Seniorie St Joseph vun Péiteng

Den 6. Mäi huet d’Amicale aus der Seniorie St Joseph vun Péiteng seng 35. Generalversammlung gehalen. No der Begréissung vun der Präsidentin Mme Eugénie Derume, huet d’Sekretärin Maggy Becker iwwert déi vill Veranstaltungen bericht, duerno huet d’ Kessier Mme Josée Feider eng Iwwersiicht iwwert de gudde Kësse Bestand ginn. Den Här Direkter Laurent Origer huet der Amciale e grousse Merci aus gesprach fir déi grouss Asätz déi se e ganze Joer opbruecht huet fir d’Wuelergoen vun de Bewunner aus der Seniorie. Nodeems den Här Buergermeeschter nach eng Kéier déi grouss Bereetschaft vun der Amicale gelueft huet, huet d’ Presidentin all déi Présent op eng Stäerkung agelueden.