10 Joer „Theaterfrënn vum Home“

Et ass nach ëmmer zu Péiteng am „Home St Hubert“ Theater gespillt ginn. Dat war awer e bemol an de Vergiess geroden a viru gutt 10 Joer hat dunn eng jonk, dynamesch Equipe déi Traditioun erëm opgegraff an ënnert dem Numm „Theaterfrënn vum Home“ Theaterspillen erëm agefouert. Bei eis gëtt elo all Joers Ufangs Dezember Theater gespillt. Fir déi 10 Joer dann elo uerdentlech ze feieren hate mir eis Theaterfrënn de leschte WE op en Iessen invitéiert. Iwwregens dir sidd All häerzlecht an eisen Theater invitéiert, mir wëllen iech weise wat mir kënnen.

Foto: C.E. Text: A.B.