D’Gemeng Rouspert-Mompech erënnert sech un d’Ardennenoffensiv
to see more pictures.
No der Aweiung vun engem Gedenksteen zu Léilien, deen de südlechste Punkt vun der Ardennenoffensiv markéiert, hunn d’Gemeng Rouspert-Mompech an d’Stad Iechternach op weider Manifestatiounen am Kader vun der Commemoratioun „80 Joer Ardennenoffensiv” invitéiert.
Am Bësch „Manertchen“, als „Log-City“ bekannt, hu Mëtt Dezember 1944, an den Ufanksdeeg vun der Ardennenoffensiv, schwéier Kämpf stattfonnt. Do konnte samsdes a sonndes verschidde Positioune besicht ginn, déi de Reenactment-Grupp „2nd Armored in Europe - Living History” ënnert dem Motto „Yvy stands firm” duergestallt huet. Et gouf dofir speziell e Bunker, eng „Log-Cabin”, nogebaut, déi op eng Zeechnung vum Alfred Steinmetzer aus dem Joer 1945 zréck geet. Weider Statioune vun der „2nd Armored” waren an der Uertschaft Uesweller ageriicht. Dës lieweg Duerstellung gouf duerch eng Ausstellung am Centre culturel „A Lannen“ komplettéiert.
Zu Uesweller huet sonndes eng offiziell Gedenkfeier a Presenz a mat der Bedeelegung vun der „Amicale des Anciens Officiers de Réserve Luxembourgeois“ (ANORL), vun der Madamm Kendra Arbaiza-Sundal, Consular Chief vun de US-amerikanescher Botschaft zu Lëtzebuerg, vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, dem Minister Léon Gloden an den Deputéierten Octavie Modert, Carole Hartmann, Stéphanie Weydert, Alexandra Schoos a Ricardo Marques souwéi dem Buergermeeschter vu Rooljen (D) Alfred Wirtz stattfonnt.
No der Pontifikalmass, déi de Kardinol Jean-Claude Hollerich zesumme mam de Geeschtleche Félix Steichen a Luc Schreiner fir all an der Regioun gefalen Zaldoten a fir de Fridde gehal huet, goufe Blumme bäi der Erënnerungsplack un der Uesweller Schoul néiergeluecht, ier am Festsall „A Lannen“ den Asaz vun den amerikaneschen Zaldote fir Fridden a Fräiheet gewierdegt gouf.
Fir en emouvante Moment hunn d’Schüler vum Cycle 4 vu Rouspert gesuergt. An der Schoul hate si iwwert den Zweete Weltkrich an d'Ardennenoffensiv geschwat a festgestallt, datt deemools vill Leit aus verschiddenen Ursaachen net méi doheem bleiwe konnten a fort vun doheem waren. Si hu verschidde Schicksaler vu Leit virgestallt, déi fort vun doheem waren oder haut nach sinn. Dobäi hu si follgend Themen ugeschwat: Ëmsidlung, KZ, Juddeverfollgung, Zwangsrekrutéierung, Evakuatioun, amerikanesch Zaldoten, awer och déi aktuell Situatioun vu Flüchtlingen aus Afghanistan, Syrien an aus der Ukrain.
Och Schüler aus der Burer Schoul hate sech mam Zweete Weltkrich befaasst. D’Klass vum Cycle 4.1 hat ënnersicht, wei de Krich d’Liewe vun de Léit verännert a wei eng Spueren hien hannerlooss huet. An engem klenge Buch haten déi eenzel Schüler hir perséinlech Siicht zu den Auswierkunge vum Krich festgehal. D’Klass vum Cycle 4.2 hat e Brietspill zum Thema Zweete Weltkrich („Auf dem Pfad des Krieges”) entwéckelt.
D’Gedenkfeier gouf sonndes owes mat enger „Night Vigil” ofgeschloss. No engem Fakelzuch op d’„Schlammfuer” huet de Michel Zeimet vum CEBA („Cercle d’études de la Bataille des Ardennes“) „A Lannen“ e Virtrag gehal, an deem hie speziell op d’Schicksal vun eenzelnen amerikaneschen Zaldoten agaang ass, déi am Wanter 1944/45 an der Ëmgéigend vun Uesweller agesat waren.