De Club des Jeunes Éiter-Schraasseg huet dann um Sonndegowend och seng Buerg ofgebrannt. Bal ouni Bulli awer bei drechenem kale Wieder ass hir Burg zügig a Flamen opgang. Gegrills, eng Lënsenzopp, e Glühwein oder soss e Patt, näischt huet gefeelt fir mat de ville Leit, jong an al, e weideren agreablen Owend ze verbrengen.