Konveniat vun de Nidderkuerer Jongen a Meedercher de 15 Mee 2024

Conveniat Jongeschoul Nidderkuer - Lasauvage -  - 15/05/2024 - photo: claude piscitelli

D'Jongen, déi vun 1970-73 zesummen am 4.5.6. Schouljoer woren, an d'Meedercher, déi 1966-67 an der Spillschoul zu Nidderkuer woren, hu sech am Nomëtten vum 15/5 um Fond-de-Gras getraff.

Do si se mat der Minièresbunn duerch de Bierg bis op der Zowaasch gefuer.

Ennerwee hun se eng Halt gemeet a vum Personal vun der Minièresbunn Asbl kruten se interessant Erklärungen iwert déi fréier Aarbecht vun de Mineuren respektiv iwert hier schwéier Aarbechtskonditiounen kritt.

Op der Zowaasch hun se an engem Café den Apéritiv gehol an sin duerno mat der Minièresbunn nees zréck op de Fond-de-Gras gefuer.

Den Owend hun se am Restaurant "Da Leoni" zu Nidderkuer mat engem gudden Iessen a vill Erennerungen ausklénge gelooss.

Den Haaptorganisator vum Konveniat wor de Sylvain Piren.