Konveniat vun de Joergäng 1947-1950 aus der Primärschoul vu Käerjeng

En Donneschden, de 19 .Abrëll hunn d'Joergäng 1947 bis 1950 aus der Primärschoul vu Nidderkäerjeng sech getraff, fir hier gemeinsam Schoulzäit nees opliewen ze loossen.De Rendezvous war um 10:30 Auer am Käerjenger Treff, deen den Här Birsens vun der Gemeng dei ronn 30 Participant an engem héichinteressante Guidage duerch dee neie Käerjenger Kulturzenter virgestallt huet. Uschléissend huet d'Gemeng Käerjeng a Präsenz vum Här Buergermeeschter Michel Wolter den Éierewäin offréiert. Am Restaurant " Le Pigeonnier" war dunn genuch Zäit, fir bei engem gudde Maufel aal Erënnerungen opzefrëschen a Bekanntschaften nei opliewen ze loossen..Besonnesch gefreet huet jidderee sech iwwer d'Präsenz vun der Joffer Ley, hirer fréierer Spillschoulsjoffer. Mam verspriechen, sech geschwënn wëllen erëmzegesinn, sinn déi fréier Schoulkomerodinnen a -komeroden all zefridden heemgaangen