Scheckiwwerreechung a Visitt zu Munzen bei der FAL

Op der Bamfeier vun der Gemeng Cliärref gouf sech géint Kaddoen, awer fir d'Weiderverschenke vu Support decidéiert. D'Betsy Aschman, Tina Koch a Georges Oestreicher aus dem Gemengerot hunn an deem Kader en Don vun 1100€ un d'Fondatioun Autisme Luxembourg gemaach.


Fir de Scheck ze iwwerreeche sinn déi 3 aus dem Gemengerot bis op Munzen komm, dem Site, op deem deemools alles ugefaangen huet. Bei dëser Geleeënheet goufe si dunn och direkt invitéiert sech d'Atelieren unzekucken an deenen den Alldag vu Persoune mat Autismus strukturéiert a gestalt gëtt.


Am Numm vun de betraffene Famillen an der ganzer Ekipp vun der FAL: E grousse Merci fir dëse generéisen Don!