Minimes vum FCM, 4. an der FUTSAL Finale 2012/2013

Et war schonns relativ sensationell, dass déi Monnerecher Minimes et bis an't FUTSAL Finale gepackt haten, hate si am Repéchage vum éischten Tour dach Chance fir iwwerhaapt weider ze kommen. Mee gutt, si hu sech vu Ronn zu Ronn gesteigert an haut hu si zu Nidderaanwen alles ginn a brauche sech mat hirer 4. Plaz net ze schumme well si hu ganz gutt matgehalen. Et brauch een no der exzeptioneller Saison vum leschte Joer och kee spatze Mëndche maachen, well d'Jongen hunn alles ginn an e Risenkämpferhäerz un den Dag geluet. Bravo fir déi Topleeschtung. Mir sinn all stolz op iech!

Wéi serréiert, dass et um Sonndeg de24/02/2013 ofgelaf ass, beweisen d'Resultater vun deenen éischte Mätscher. Jonglënster - RFCUL 0:0, FC Déifferdeng - Äischdall 1:0 an FC Rodange - FCM 0:0. Déi nächste Mätscher si grad esou knapp ausgaangen an esou waren eis Jongen nom 1:0 Erfolleg géint Äischdall an 2 Mätscher mat 4 Punkte gläichop mam RFCUL an Déifferdeng. A géint dem Romain Ferry seng Déifferdenger Jongen ass et elo gaangen. Nees e ganz intensive Match wou eis Jongen direkt hätten a Féierung goe wann net den Déifferdenger Goalkeep e Lob nach esou just iwwert d'Lat dréckt. Eis Jonge loossen elo net labber an et geléngt hinne verdéngt mat 1:0 a Féierung ze goen. Déifferdeng reagéiert an onverständlecherweis loossen eis Jonge sech elo zeréckfalen a loossen no engem Konzentratiounsfeeler den 1:1 zou. Duerno si probéieren et nees mat Ugrëffsfussball an 30 Sekonne viru Schluss verhënnert den Déifferdenger Goalkeep nees mat enger super Parad e Monnerecher Goal esou, dass dësen Derby mat 1:1 ausgeet. Dëse Match ass wierklech un't Substanz gaangen, awer et war méi dran an dat wär och gutt a wichteg gewiescht dëse Match ze wannen.

Dann ass et géint den RFCUL gaangen dee mëttlerweil op éischter Plaz war. Direkt hunn déi technesch a kollektiv staark Stader zougeschloe wou eis Verdeedegung nach geschlof huet. De Kapitän Nick Schonckert huet awer per Siwemeter ausgeglach. Duerno dréinen déi Stader awer esou richteg op an eis Jonge schéngen duerch d'Middegkeet net méi esou richteg konzentréiert ze sinn. Esou kasséieren si nach weider 4 Goaler a ginn total ënner Wäert geschloen. Am leschte Match kënne si da géint Jonglënster ouni Drock opspillen. Déi hunn awer wanne misse fir nach eng Chance op déi éischte Plaz ze behalen. Mee eis Jonge ginn de Match ganz konzentréiert un a ginn alles. De Match ass extrem serréiert mat Goalchancen op deenen zwou Säiten. Et gëtt sech absolut näischt geschenkt an dat ass flott esou. Eis Jongen war ganz no um Goal mee zum Schluss huet de Fredy Schwarz nach e puer super Paraden erausgezaubert esou, dass et mat engem gerechten 0:0 ausgaangen ass.

Gewonnen huet d'Équipe aus der Stad, den RFCUL déi 13 Punkte gemaach hunn. Hannendrun huet sech Jonglënster mat 9 Punkten op déi 2. Plaz klasséier. Op déi 3. Plaz koum Rodange mat 6 an da Monnerech och mat 6 Punkten. Déifferdeng koum mat 5 Punkten op déi 5. Plaz an op déi 6. Plaz war Äischdall.