Manuel Correia, neien Trainer beim FC Monnerech

No der Enttäuschung vu gëschter Owend (Défaite géint Millebach am Barragematch) gëtt zu Monnerech nees mat voller Motivatioun nei opgebaut!

Haut de moien ass also deen neien Trainer, wéi schonns bekannt gouf, de Manuel Correia, virgestallt ginn. Keen onbekannten, deen mat Uewerkuer (2008 bis 2010) an Käl/Téiteng (2010-2013) schonns ganz gutt Aarbecht geleescht huet an deen supermotivéiert ass a ganz kloer Virstellungen huet fir mam FC Monnerech eppes neies opzebauen. Hien ass guer net schockéiert oder enttäuscht, dass den FCM an déi 1. Divisioun erausgefall ass, au contraire, fir hien ass et dat éischt Zil déi nächst Saison direkt nees an't Promotioun opzesteigen. Hien gesäit och schonns méi wäit andeems hien gären den FC Monnerech, e Referenzveräin mat engem schéinen Historique, nees an't BGL Ligue ze féieren. Hien huet och keen Heel dorauser gemaach fir ze widderhuelen wat hien schonns öffentlech gesot hat, dass hien enges Dags Nationaltrainer wéilt ginn.

Mat him sinn awer och zwee nei Spiller virgestallt ginn, den Jonathan Agostini (F), gebueren den 08/09/1992 dee vum ES Crusnes (F) kënnt. Hien huet fir 3 Joer ënnerschriwwen.
Och de Ricardo Sousa (P) vun der Escher Fola, gebueren de 15/02/1993, deen déi lescht 6 Méint op Beggen ausgeléint gi war, kënnt op Monnerech. Hien huet en Transfert Temporaire fir 1 Joer ënnerschriwwen.

Den Trainer kënnt dem Club sengem Wonsch no fir déi eege Jugend anzebauen, ass awer konsequent, dass hien op erfahren Spiller opbaut. Dozou gehéieren sécher Spiller wéi de Kapitän Fus, Djeghima an nach anerer. Doriwwer eraus, wäerten an deenen nächsten Deeg nach 3 oder 4 Transferten definitiv annoncéiert ginn. Et sinn dëst och erfueren Spiller déi der Équipe Halt a Stabilitéit solle ginn.
Wat dem Manuel Correia säi Co-Trainer ubelaangt, esou wäert dat sech och an denen nächsten Deeg entscheeden op dat esou klappt wéi hien sech dat virstellt

Op der Photo gesäit een de Ricardo Sousa, de Manuel Correia (neien Trainer), de José Dhur (President) an de Jonathan Agostini.

Den éischten Training ass fir Sonndeg de 7. Juli ugesot.