Den FCM feiert den 1. Mee

Um 7 Auer moies an der fréi hate sech eng 17 Leit um Parking vum Terrain 1 RDV ginn. Vun do aus ass een dann zesummen an de Bësch gefuer fir traditionelle Meekranz maachen ze goen.
Den Dag virdrun hat et nach gutt gereent, mee moies um éischte Mee ass et Gott sei dank awer dréche bliwwen. D'Sonn ass nach hannert de Wolleke verstoppt bliwwen an esou war et net grad waarm. Virun zwou-dräi Woche war jo nach guer kee gréngt Blat an de Bëscher ze gesinn, um éischte Mee war dat schonns e bësse besser. D'Blieder waren awer nach zimlech kleng an et huet ee schonns gutt siche musse fir, dass eise Gäertner mat der richteger Matière Première beliwwert konnt gi fir e flotte Meekranz dorauser ze zwaffen. Am Endeffekt hunn eis fläisseg Aarbechter vum FC Monnerech genuch Gréngs fonnt an eise Meekranz huet nawell flott ausgesinn. Et war eng ganz gutt Stëmmung am Bësch wou eis zweet Équipe och ganz gutt vertruede war. Wou de Meekranz vum FC Monnerech esou wäit fäerdeg war, ass drop geprost ginn, esou konnt ee sech op déi Manéier e bësse wiermen. Do sinn dann déi nächst Veräiner komm. Den FC Monnerech ass vläicht sportlech gesinn net onbedéngt deen éischten an der Tabell, mee beim Meekranz ass den FCM awer ëmmer deen éischten an einsam Spëtz.
Et ass nach eng Gruppephoto mam Meekranz gemaach ginn an dann ass dee schéine Meekranz am décapotabelen Auto vum Jupp an't Duerf op den Terrain 3 transportéiert gi wou en opgehaange gouf.

Mëttes war dann déi grouss 1. Mee-Feier um Terrain 3 ugesot. Et sinn nees eng ganz Rei Leit der Invitatioun vum Club nokomm, och wan leider nach laang net jiddereen do war. Déi wou do waren, hu profitéiert fir sech ganz relax mateneen ze ënnerhalen an e gudde Maufel z'iessen.

Jiddereen huet jiddefalls méi wéi genuch z'Iessen an ze drénke krut. D'Bouwe ware schnell mam Iesse fäerdeg an hu sech dann um Terrain ameséiert. Am Nu war Zäit verstrach an um 16 Auer war dann dee mat Spannung erwaarte Match: FC Monnerech Cadets - FC Monnerech Pappen.

De Jupp Biever war Arbiter an hat guer kee Problem mam Arbitrage. De Match war ganz fair, och wann e méi wéi ëmkämpft war, well kee woll verléieren. Esou war de Match enorm spannend an all kéiers wou d'Pappen e Goal geschoss hunn, war eppes lass. Zuschauer waren aus dem Haischen an hu sech gutt ameséiert.

No der éischter Halschent stoung et 2:2 gläich an och no der regulärer Spilzäit stoung et gläich (4:4). Do hu Siwemeter geschoss misse ginn. Hei waren d'Pappen e wéineg méi präzis a wannen e bësse glécklech awer verdéngt mat 4:3. No dësem Match ass dann d'Musek haart opgedréint gi wat Verschiddener ausgenotzt hu fir ze danzen. Jee, d'Ambiance war immens gutt. an am Laf vum Nomëtte sinn ëmmer nees nei Leit nokomm.

Géint 20 Auer ass da Schluss gemaach ginn, och well jo nach Champions-League ugesot war.Den 1. Mee, war jiddefalls nees e ganz gelongenen Dag beim FC Monnerech.