Traditionnel Adventswanderung

D'Wanderfrënn 74 Mertert asbl organiséieren um 1ten Adventsweekend traditiounsgeméiss eng geféiert Wanderung. Vertrieder vun der Fédération, Wanderer aus dem ganze Land an aus der Groussregioun hu Wanderer um Start bei der Kierch deel geholl.

Biergop, an ob schéine, gudde Wéier, ënnert der Leedung vum Pia a Fritz Schommer, sin di 55 Leit iwwert de Flouer an ob d’Häng vum Sauerdall gaangen, wou schéi Vuen iwwert Laser(Langsur) bis Grevenmacher bei sonnege Wieder ze genéisse waren. De Veräin deen iwwert d’Joer sécherlech mat di meeschten Tier zu Lëtzebuerg fir hir Memberen organiséiert, an ëmmer present as ob den IVV Tier, ka vu Succès schwätzen. Zréck zu Méischdref, war fir Drénken an Iessen um Chrëschtmaart gesuergt. D’Wanderfrënn Mäertert sin stolz an zefridden, dat vill Leit, duerch hir Organisatiounen ob d’Sauer an ob d‘Musel kommen. Nächste Rz-vs ass en Mäerz zu Mäertert.