Summerfest an der Maison de Soins Op Lamp

Den 8. Juni 2024 war erëm dat alljährlecht Summerfest an der Maison de Soins Op Lamp. Bei schéinem Wieder hu sech d’Bewunner, hir Familljen an d’Fleegepersonal versammelt fir zesummen ze feieren.

Et waren verschidden Aktivitéiten um Summerfest gebueden. Als éischt hunn d'Zumba Kids vun "Top Fit Waasserbëlleg" fir Bewegung a Spaass mat hirem Optrëtt gesuergt.

Den Duo „Südwind“ mat der Sängerin Marisa Donato an dem Sänger a Keyboarder Salvatore de Nardo hunn eng faarweg Mëschung aus internationalen Hits a Schlager gespillt.

Och de Sänger Joel Marques, bekannt aus der lëtzebuerger Finale vum „European Song Contest“ an aus der däitscher Talentshow „Voice of Germany“, huet zu der schéiner Ambiance bäigedroen.

D‘Artiste vu „Clowns4U“ hu Momenter vu ganz vill Freed an Emotiounen matbruecht, net nëmmen fir d’Bewunner vum Fleegeheem, mais och vir déi jonk an déi méi al Visiteure vum Summerfest.

D’Kanner hate vill Freed op deene sëlleche Spillgeräter, Rutschen a Sprangschlässer.

D'Direktesch vum Fleegeheem, Mireille Wirtz, an de Biergermeeschter Jérôme Laurent hunn d'Geleeënheet genotzt fir de Bewunner vum Fleegehhem ze éieren, déi un de "Seniors Olympics" participéiert haten, déi e puer Deeg virdrun stattfonnt hunn. Si kruten e Pokal iwwerreecht.

D'Summerfest war fir jiddereen eng wëllkommen Ofwiesslung an eng Geleeënheet fir d'Bewunner an hir Familljen fir e puer Stonnen zesummen ze verbréngen.

(Fotos: Maison de Soins Op Lamp, Clowns4U asbl)