Sangen hält jonk ...a mécht Spaass !

Sangen hält jonk….a mécht Spaass!

Wéi et Traditioun bei der Waasserbëlleger Chorale Municipale Sängerbond Museldall ass, hat de Verwaltungsrot kierzlech op d’Feier vum 80. Gebuertsdag vun hirem Sänger Georges Mahnen agelueden.

A senger Laudatio huet de President Yvon Streff wéi gewinnt, mat Witz, dem verdéngschtvolle Sänger säi Liewen als Sänger ëmrass. De Georges Mahnen huet am Alter vun 12 Joer am Bouwechouer vum François Mathieu ugefaang mat Sangen. Mat 16 Joer huet säi Papp hie mat an de Museldall geholl wou hien ënner 6 Dirigenten dem Sangen trei bliwwen ass. De Georges huet an all deene Joeren seng Begeeschterung fir d’Sangen genotzt fir och sengem Veräin nei Sänger ze vermëttelen, et waren der 7 un der Zuel. Hie war an ass als beléifte Baritonsolist bei villen Optrëtter ze héieren, souwéi beim leschten Concert mat dem Freddy Quinn sengem bekannten „Junge komm bald wieder“. D’Dirigentin Viviane Kohn-Hames hat d’Éier an d’Freed dem Georges e passende Kaddo ze iwwerreechen an de President huet senger Madamm, dem Suzette, mat e puer Blumme Merci gesot datt si de Georges ëmmer bei senger Veräinsaktivitéit ënnerstëtzt huet.

D’Madamm Wagner Arlette, Regionaldelegéiert vun der UGDA, konnt de Jubilar am „Ordre Européen du Mérite Musical“ mat der Medail am Grade vum Chevalier auszeechnen. De Buergermeeschter Laurent Jérôme huet am Numm vun der Gemeng gratuléiert a bemierkt datt effektiv Sangen fit hält, wou deen aktiven 80Järigen en treffend Beispill wär.

Uschléissend war et dunn um Geéierten dee Merci gesot huet fir déi flott Feier, déi gesanglich vun him a senge Sängerkolleegen aus dem Museldall encadréiert gi war, um Piano begleet vun der Dirigentin. E besonnische Merci huet de Georges un d’Famill Hames geriicht déi hien motivéiert hat seng Stëmm als Solist an der Musikschoul ze perfektionéieren. Hie war frou an houfreg datt Viviane an den Nico Hames hien ëmmer als Sänger a Solist respektéiert hunn.

E puer flott Stonnen bei engem Patt Miseler an engem klenge Maufel hunn dës schéi Gebuertsdagsfeier ofgeschloss.