Grillowend am Fleegeheem Waasserbëlleg

Viru kuerzem war den alljärlechen Grillowend am Fleegeheem "Op Lamp" zu Waasserbëlleg. Bei vill Sonn an angeneemen Temperaturen hunn sech d'Bewunner, d'Famill an d'Pfleegepersonal am schéin dekoréierte Festsall an der Cafeteria versammelt fir e gemittlechen a geselllegen Owend zesummen ze verbréngen.

D'Preparatiounen hu scho moies ugefangen. De Festsall ass feierlech dekoréiert an d'Dëscher si mat Blummen dekoréiert ginn.

Um 17 Auer war d‘Ouverture mat enger häerzlecher Begréissung vun der Directrice des Soins, der Madame Nicole Margraf. Si huet alleguer Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung a betount wéi wichteg esou Eventer fir d'Gemeinschaftsgefill am Fleegeheem sinn. E grousse Merci geet un d'Amicale Op Lamp fir de Sponsoring vun der Musek vun dësem Owend.

Dono huet den „Duo Blue Stars" fir eng gutt Ambiance mat schwungvolle Lidder an Evergreens gesuergt. Vill Bewunner hu begeeschtert matgesongen oder am Takt vun der Musek geschunkelt.

Den Highlight vum Nomëtteg war ouni Zweifel de Grill. Grillwurschten a Steaks, déi vun der Kichenequipe virbereet gi waren, goufen op zwee grouss Grillen vum Dominik Zwick, dem Responsabel vun der Groupe Socio- Thérapeutique, gegrillt.

Et gouf och eng faarweg Auswiel un Zaloten, Brout a verschiddenen Dips. D'Ambiance war entspaant an et gouf vill gelaacht a geschwat.

Besonnesch schéi war d'Bedeelegung vu ville Familljen, déi d'Feier beräichert an de Bewunner vill Freed gemaach hunn. Et goufe vill häerzlech Gespréicher an déi eeler Leit hunn däitlech genoss hir Famill ronderëm sech ze hunn. D'Enkelkanner vun de Bewunner an esouguer e puer Urenkelkanner hunn sech gutt ameséiert.

De Grillowend am Fleegeheem "Op Lamp" war e vollen Erfolleg an huet jidderengem vill Freed bruecht. Et war net nëmmen eng erfollegräich Ofwiesslung am Alldag vun de Bewunner, mee och eng wäertvoll Geleeënheet fir d’Gemeinschaft ze stäerken.

Jidderee freet sech schonn op d'nächst Joer, wann et erëm heescht: "Grillfest Op Lamp!"