De Kleeschen beim Tennis Club Mäertert-Waasserbëlleg


Och dëst Joer ass de Kleeschen bei d'Kanner aus der Tennisschoul komm an huet neess schéin Saachen verdeelt.

Heen haat vun all Kand eppes a sengem gëllene Buch stoen an och d'Elteren waren ganz gespaant waat de Kleeschen hinnen ze soen haat.

Natiirlech hun d'Kanner och schéi gesongen an de Kleeschen war ganz vill frou.

Mam Tennistraining war heen och ganz zefridden wëll d'Kanner ëmmer mat ganz vill Freed an Engagement dobäi sin.

Nodeems d'Kanner an d'Elteren dem Kleeschen Äddi gesoot haaten huet de Comité lecker Boxemännercher an Schocklasmëllech zervéiert a Grouss a Kleng huet et gudd geschmaacht.

Et war e ganz flotten Owend an de Kanner déi net komme konnten huet de Kleeschen hir Titercher nach heem bruecht.