Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg
to see more pictures.
Grouss Nuetskavalkad mat 50 verschiddene Fuesgruppen, vu faarwefroue Fouss- a Museksgruppe bis hin zu konschtvoll beliichte Festwéen an Trakteren.
Bewonnert d' "Nuetskavalkad" mat hiren zegdausende Luuchten an erlieft en Ëmzuch am ganz spezielle Liicht, dir wäert staunen!
Special Acts:
Roepoepers aus Holland; Guggemusik Rhoirevoluzzer aus Mainz
± 1,5 Tonne Séissegkeeten a Gadget, 1000 Liter Wäin, Likören a Jus an iwwer 2000 Bretzele wäerten un d'Zuschauer verdeelt gin.
Manner Knascht duerch eisen "Bratzelbecher":
Erhalt wärend der "Nuetskavalkad" äre Pfand-Mehrwegbecher mat ärem Entréesticket, beim Zréckginn erhalt dir 2 € oder spent den "Bratzelbecher" an speziell dofir virgesinn a gekennzeechent Behälter. (Erléis zu 100% fir de gudden Zweck)
weider Infoen op www.bratzelgecken.lu
fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
Virverkaafspräis - 8 € = 6 € Entrée + 2 € Pfand "Bratzelbecher"
Oweskees - 10 € = 8 € Entrée + 2 € Pfand "Bratzelbecher"
Virverkafsticket - weider Infoen op www.bratzelgecken.lu
www.bratzelgecken.lu