Rousen fir 28 Gebuertsdagskanner am Home pour persones agées Saint - Joseph

Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 26. Abrël an dem 18. Juli gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer a flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war gläich di drëtt Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu, Colmer- Bierg, Hëlperknapp, Lëntgen, Miersch a Noumer waren vertrueden duerch, Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch, Jos. Consbrück, Romain Miny, Willy Vullers a Sophy Diderrich. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Home-Direkter Nicky Wintringer alle 28 Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an eng zefriddent d‘ Joer gewënscht. No enger Coupe Crémant war et dem Entertainer Rom Thielen, den ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel an d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren waren: Marie-Louise Felten (71 Joer, Liliane Fellens- Serres (78), Jean- Baptiste Kontz (79), Raymond Soisson (81), Valérie Hoss- Jung an Georgine Lahr- Wiesen (82), Jeanny Kinarian- Laux an Marga Thiry- Dennewaldt (83), Madelaine Wanderscheid (84), Georgette Heck- Herber an Sr. Béatrice Hourscht (85), Marcel Gengler an Josée Schmit- Lecomte (86), Agnès Schwitz- Bach (87), Sr. Bertha Feiereisen, Elise Fischbach- Fettes an Irène Legay (88), Josette Hausemer- Steichen an Hannerlore Spielmann- Krepper (89), Marie Madeleine Diederich- Ludes an Marie Pauline Schellen- Reisen (90), Suzanne Lorse-Weyland (91), Josephine Van der Weken- Nols (92), Alice Muller- Heiderscheid (93), Léonie Victor- Geisen (94), Léonie Miny- Heck (96), Félicie Bohler-Weisgerber (98) an Catherine Thill- Backes (100. All Jubilaren sin mat engem kräftigen „Happy Birthday“ geéiert gin. Bei engem schmackhaften Owesiessen a flotter Gesellschaft , huet dess flott Feier a gudder Gesellschaft hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)