Endlech fräi - September 1944 (Ausstellung)

13
Oct
2024
13 Oct

Sonndesmoies den 10. September 1944, géint 11h00 fueren déi éischt amerikanesch Truppen an d'Gemeng Miersch eran. Kuerz drop sprengt eng däitsch Pionéiereenheet d'Laangbréck. D'Amerikaner verjoen d'Besatzer, woubäi déi onbeschiedegt Eisenbunnsbréck an hire Besëtz fällt. Kuerz drop ware Miersch an déi ëmleiend Dierfer aus der Gemeng liberéiert. An engem Delirium vu Freed hunn d'Leit, hir amerikanesch Liberateuren begréisst a gefeiert. Si waren endlech fräi - am September 1944.


D'Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch hunn am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun eng Ausstellung am Mierscher Theater opgericht, woubäi ee vun de Schwéierpunkten den Entzuch vun der Fräiheet behandelt. Op Kommemoratiounsdag (13.10.2024) empfänke si d'Visiteuren perséinlech a féieren se op Wonsch duerch hir Expo. Den Entrée ass wéi ëmmer fräi.