Neit Material fir de Syndicat d'initiative Manternach

De Syndicat d’initiative Manternach mat hirem dynamesche President Josy Fisch an hirer engagéierter Equipe hu viru Kuerzem op Virstellung an Aweiung vun neiem Transport- an Aarbechtsmaterial agelueden. De President war houfreg den ageluedenen Gäscht hir nei Jeep an de fonkelneien Raupendumper virzestellen, wat hinnen Aarbecht, op de Wanderweeër ronderëm Maternach, wäert méi liicht maachen. Manternach huet e vun deenen scheinsten Wanderweeër am Oste vun eisem Ländchen an zwar de Manternacher Fiels , wou fir de Syndicat pro Joer 300 Stonnen un Aarbechten ufallen. De President konnt a senger Begréissungsried de Vertrieder aus dem Tourismusministerium den Här Claude Halsdorf , de Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach Jempi Hoffmann mat sengem Schäfferot a Gemengerot an den Här Deche vu Greiwemoacher Claude Bache begréissen. Fir finanziell Ënnerstëtzung vum Tourismusministerium an dem genereisen Subsid vun der Gemeng Manternach konnten des Uschafungen gemaach ginn, woufir de President villmols Merci gesot huet. Uschléissend huet den Deche Claude Bache Material gesent. Bei dëser klenger Feier huet de Syndicat et sech net huele gelooss och nach e Scheck vun 3000.- € un Tris2Pattes ze iwwerreechen. De Vertrieder vun der Associatioun den Här Aender Thill huet Merci gesot fir de generéisen Don an dass dëst Geld fir hir Aarbechten am Senegal gebraucht geet. A Wiewesch huet Tris2Pattes mat Filmmaterial hir Aarbechten am Senegal virgestallt. Bei engem klengen Häppchen an engem gudde Glas Wäin aus dem Manternacher Fiels ass de flotten Owend ausgeklongen.