„ Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen „

Jo et gëtt schon vill Lëtzebuerger Lidder! Ech hunn der bis haut méi ewéi 4700 gesammelt an archivéiert an dat sinn se nach laang net all. Déi sollen eis och nach laang erhale bleiwen fir déi nächst Generatiounen. Bis haut hunn ech der och 95 an 2 Lidderbicher festgehalen déi bis dato nach a kengem Lidderbuch ze fanne woaren a fréier awer all Dag gesonge gouwen.

Lues a lues huet dat mech och derzou bruecht menger eegener « Wierker“ emol no baussen ze droen. Seit laange Joren hunn ech Gedichter a Lidder geschriwwen. Bis elo eng 160. Ufangs woar dat éischter fir Familiäer Geleeënheeten, ma spéider och fir all méiglecht Geschéien an Erlieftes festzehalen. Wann een dat esou erzielt, kann dat deen een oder aneren schon interesséieren, ma als Gedicht oder als Lidd, kléngt dat dann awer anescht an et sprécht nach méi Nolauschterer un. Jo, jiddereen huet seng Ideeën a säin Interessi a well net alles jidderengem gefällt, muss jiddereen dat eraus fannen wat hie léiwer huet a méi usprécht.

Déi Gedichter a Lidder aus desem Buch sinn allzäit mat vill Häerz a Freed entstanen an ech hoffen der esou vill ewéi méiglech vun Iech dermat ze begeeschteren a iech Wënsch ze erfëllen.

Wien also méi iwwert eis Lëtzebuerger Lidder wëllt wëssen, oder däer sicht, dee soll sech bei mir melden um 621 665 212 oder op : jeankandel@pt.lu . Mir kënnen äis och gesinn zu Iechternach am Dënzelt, nach dëse Freideg, Samschdeg a Sonndeg, all Dag vun 11 bis 18 Auer. Do ass eng Aquarell-biller Ausstellung vum Josée Kandel-Kass an ee Lidder -Info a -bicher Stand vum Kandel's Jang vu Mamer .

Kommt dohinn... et ass derwäert !