Éierung vun den Éléves méritants am LJBM

Wéi ëmmer zum Schluss vun all Schouljoer huet d’Präisiwwerreechung fir d’Élèves méritants aus dem Lycée Josy Barthel Mamer stattfonnt. Déi beschte Schüler vun all Klass krute vum Direkter Claude Christnach en Zertifikat an e Kaddo iwwerreecht an hunn dëse Präis ganz houfereg op der Bün an Empfang geholl. Mir gratuléieren hinnen alleguer fir déi immens Efforten, déi si dëst Joer geleescht hunn, an hoffen, datt si an Zukunft genau sou gutt viruschaffen. E grousse Merci geet eraus un eis Partner fir hir Ënnerstëtzung: de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Métiers, d’Chambre des Salariés an eisen Elterekommitee.