D' Bernadette, d’Désirée, de Guy, de Jean-Marie an d’Natalie hunn Neel matt Käpp gemaach an de Konveniat vum Joergang 1967, déi am September 1973 déi éischt Éischtklassler am deemools neie Gebai vun der Grondschoul Luerenzweiler waren, op d’Bee gestallt.
Den 12. Oktober war et endlech sou wäit
Op dat vertraute ‘Psst’ vun der Joffer Klein hunn si och no 50 Joer nach gelauschtert, wéi et fir de Fotoshooting am Schoulhaff roueg gouf.
Et goung mat engem nostalgesche Bus op d’Musel, wou eng interessant Visitt vun der eelster Kellerei um Programm stoung. Uschléissend, no enger klenger Promenade laanscht d'Musel, gouf bei engem flotten Iesse vill geschnabbelt an dat nächst Treffe scho geplangt.
Als Erënnerung un d’Klassekomeroden, Claudia a Serge, déi leider net méi ënnert hinne sinn, ass eng Spend fir e gudden Zweck gemaach ginn.
Text: Désirée Simon
Foto: Levygraphie