10. LOKALE MAART ZU LUERENZWEILER


Bei schéinem Hierschtwieder war den 10. " Lokale Maart " bei der Luerenzweiler Gemeng gutt besicht.


Op engen 26 lokal a regionalen Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté, Mettwurscht a Villes méi verkaf.


Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gestrécktes , Gebitztes , Geheekeltes , Gewieftes , asw.


Fir Iessen a Gedrénks hunn déi lokal Veräiner gesuergt.


Während dem Aperitif war eng " Brass Band " fir déi gutt Stëmmung zoustänneg.


Dat ganzt war organiséiert vum Klimateam Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler .



Fotoen : Steyer- Fonck Alice

a Pascale Guill - Fiegen