Scheckiwwerreechung vun den Lëntgener Kommiounskanner

No der leschter Katechese hunn di Lëntgener Kommiounskanner der Madame Veneziani,

Direktesch vum Tricentenaire, e Scheck vun 1635 € iwwerreecht. D’Kanner an d’Elteren

haten sech anstatt Kaddoen fir en Don entscheed. D‘Madame Veneziani huet en häerzleche

Merci fir dës Ënnerstëtzung gesot a matgedeelt dass d‘Suen zum Kaf vu Gaardematerial,

Museksinstrumenter a Sportsmaterial fir d’Awunner vum Tricentenaire agesat

wäerte ginn. Duerno hu mir eis nach bei engem Patt un di flott Kommiounsvirbeeredung a

Kommiounsmass erënnert an eis virgeholl, eis och an Zukunft nach fir interessant Aktivitéiten

erëmzegesinn.


Foto: Pol Provost

Text: Tun Gruber