1monthfree

E grousse Succès fir d'Fréijoersfest

Leschten Sonnden den 12ten Mäerz war zu Leideleng rem eppes lass : d'Fréijoersfest vun den Fraen a Mammen Leideleng huet wéi all Joers déi schéin Saison agelaud.

Vill Leit waren demno an den Centre Sociétaire An der Eech komm fir dat net ze verpassen : iwwer 140 Leit hun et sech gutt schmaache gelooss beim traditionnellen Menü Judd mat Gaardebounen a Speckgromperen oder bei engem gudden Teller Pasta.
Och e puer nei Gesichter aus aneren Dierfer waren dëst Joer ze gesin.

Desweideren - fir den Fréijoer gutt unzefänken - gouf et e grousse Choix un Ouschterdekoratiounen an Arrangementer mat frëschen Blummen déi groussen Undrang fonnt hun, well et ass quasi alles verkaaft gin.

Fir Animatioun war natierlech och gesuergt, an dat fir Grouss a Kleng :

Beim Kannerspillsaachenfloumaart konnten d'Kanner beim Kafen an Verkafen gutt Affären maachen an agratis Bastelatelier hier eegen Deko bastelen an matheem huelen.

Um 3 Auer hun dunn d'Leidelenger Crescendi e Concert gespillt ënnert der Direktioun vum Frank Fonck. 28 jonk Musikanten waren do op der Bühn an hun fir exzellent Stëmmung gesuergt.

All dat, souwéi déi grouss Klassiker wéi Tombola an Kaffisstuff - déi natierlech och dëst Joer net gefeelt hun - stinn och d'nächst Joer rem um Programm wann et heescht : Fréijoersfest 2018 !