Den 28. Januar 2025 hunn d’Fraen a Mammen vun Leideleng hir Generalversammlung ofgehal.
D’Joer 2024 war ganz erfollegräich. Grousse Succès hat de Kannerfuesbal vum 4. Februar 2024. D’Freijoersfest vum 17. Mäerz esou wie de Chrëschtmaart vum 24. November 2024 waren och ganz gutt besicht, esou dass all Kéier e schéine Boni Rescht bliwwen ass. Esou konnt um Enn vun der Generalversammlung jeweils e Scheck vun 5000 € un d’Fondation Coeur – Daniel Wagner an un de Groupe Tricentenaire iwwerreecht gin
D’Solidaritéitsaktioun vun der ACFL gouf och net vergiess : si kritt 500 € iwwerwiss.
E grousse Merci un all di Leit, déi d’Fraen a Mammen all Joër ënnerstëtzen, sief et mat hirer Präsenz oder mat engem Don.