1monthfree

Chequeiwwereeschung um "Bazar wéi fréier" vun de Käerjenger Guiden a Scouten

D'Käerjenger Guiden a Scouten hunn de 24. November 2024 zu Kéinzig am Festsall hiren "Bazar wéi fréier" gefeiert.

Dëse Bazar ass am Kader vum 40. Gebuertsdag vum Bestoen vum Käerjenger Grupp traditionnell mat engem Menü an engem Theaterstéck esou wéi Verkafen vu Chrëscht- a Wanterdekoratioun an enger Tombola fir Grouss a Kleng ofgehale ginn.

Wéi all Joers sinn och op desem Dag Chequer iwwerreecht ginn. Et sinn jeweils 700€ un véier verschidden Organisatiounen verdeelt ginn.

Déi éischt Associatioun déi e Cheque iwwerreecht krut war d'ONG "Guiden a Scouten fir eng Welt" déi duerch d'Madamm Françoise Kemp vertruede war.

D'Madamm Inese Jansone huet fir d'Organisatioun "HUK (Hëllef fir ukrainesch Kanner)" de Cheque entgéint geholl.

Deen drëtte Begëschtegten vu 700 € war d'Associatioun "Luxembourg-Pérou" déi duerch hire Vize-President, dem Här Serge Pütz, an dem Tresorier, dem Här Gilbert Leick vertruede war.

Zu gudder Lescht ass d'Vereenegung "Käerjeng Hëllef" mat engem Cheque beduecht ginn. Dës Organisatioun war duerch den Här Guy Muller, d'Madamm Marthe Haupert, d’Madamm Camelia Meyer an d’Madamm Josée-Anne Siebenaler -Thill vertrueden.

D’Suen sinn aus dem Erléis vun der Ouschtereeëraktioun, en alljähregen Verkaf vun Ouschtereeër an der Gemeng Käerjeng, opgeronnt mat engem Don aus der Caisse zesummekomm.