1monthfree

Scheckiwwerrechung GO KEESPELT

Den 18. Mee 2025 huet zu Keespelt déi zweet Editioun vu ”Go Keespelt - ee solidarescht Fest fir Grouss a Kleng” stattfonnt. Zil war et och dës Kéier, d’Leit fir d’Thema Kriibs ze sensibiliséieren a gläichzäiteg Spenden ze sammelen. Den Dag iwwer hunn dräi Associatiounen, déi sech an der Lutte géint de Kriibs asetzen, hir Aarbecht virgestallt an et goufen ganz vill Kanneratelieren ugebueden. Verschidden Bands hu mat Livemusek fir gutt Stëmmung gesuergt an Owes hunn ënner anerem d'Hunnegstrëpp, d'Dëppegéisser an d’Providers gespillt.


Den 28. Februar 2025 konnten déi véier Keespelter Veräiner, déi d’Organisatioun iwwerholl haten, a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot, een Don an Héicht vun 11.700 € maachen. Dëse Montant gouf tëscht dräi Fondatiounen opgedeelt, sou dass d’”Fondation Cancer”, d’”Fondatioun kriibskrank Kanner” an de “Plooschterprojet” jeeweils een Don an Héicht vun 3.900 € konnten entgéint huelen.

E grousse Merci gëllt der Gemeng Kielen als Partner, alle Sponsoren, de Memberen aus de Veräiner a jidderengem, deen zum Erfolleg vun dësem Solidaritéitsdag bäigedroen huet.

Country Tramps, Krea Keespelt-Meespelt, Musek Keespelt-Meespelt & Pompjeesfrënn Keespelt-Meespelt