Visite vum Här Minister Eric Thill um Përmesknupp

Enn Juli hott den Eric Thill, Kultur- an delegéierten Tourismusminister, de Site vum Përmesknupp besicht. Eng Plaz déi, wéi hien selwer sot, him onbekannt war.

De Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, hott sech erfreet gewisen iwwer de Besuch an hott d'Wuert un d'Presidentin vun de Përmesfrënn weiderginn. D'Madame Marianne Thilmany ass kuerz op de geschichtlichen Aspekt vum Knupp agaang ier d'Madame Christiane Bis vum INRA virun der Kapell d'Lag vum Site un ale Réimerwee’er an d'Erkenntnisser aus Geoprospektiounen vun 2013 duergeluecht hott.

Duerno goung ët an d'Kapell, wou d'Madame Elisabeth Koltz vum INPA déi fachlech Erläuterunge ginn hott. Fir di nächst Etapp goung ët erof bei den Erklärpanneau vum ale Guttshaff. Den André Kirsch, Archeolog bei de Gruewungen, weist unhand vun den ale Fotoen vu 1936 wéi den Haff ausgesinn hott ier en ofgebrannt ass. Den Här Foni Lebrun, Direkter vum INRA, hott de laangjäregen Engagement vum Ministere um Përmeshaff betount. Als klenge clin d'oeil huet hien erzielt, datt hien well als Kand mat sengen Elteren op de Knupp koum obwuel Sie néck aus der Géigend stamen. Uschléissend gi mer erof an d'Ruinen wou eis Studenten equipe mat gruewen amgang ass. An denen eenzelne Reim gin d'Entdeckunge vun de Gruewungen erkläert. An der Kichen hunn d'Meedercher aus eisem Schaffertegrupp Wäffelchersdeeg preparéiert. Den Erik Thill däerf dann och selwer eng Wäffelchen an d'gossen Eise maachen déi dann am Bakuewen gebak gëtt.

Zeréck op der Plaz virun der Kapell seet de Minister sech iwwerrascht iwwer d'Vilfalt déi een hei um Përmesknupp op esou enkem Raum virfënnt. Hien seet hien géif mat senger Equipe am Ministère kucken wat kann fir eng weider Ënnerstëtzung vun de Gruewungen, eng Ofsécherung an ewer och d'touristisch Accessibilitéit vun der Ruin gemaach ginn. D’Përmesfrënn iwwerreechen dem Minister, als Merci fir de Besuch, e klenge Kierfgen aus dem Naturpark.

Zum Schluss freet sech jiddereen iwwer de Patt deen d'Përmesfrënn am Schiet vun der schéiner Eschen Allee offréieren.