1monthfree

Jonglënster: Interessant an historësch wäertvoll Fotosausstellung am « Centre Culturel Am Duerf »

Bis de 14. Dezember weist de « Centre national de l’audiovisuel » (CNA) ronn 100 Fotoe vun der Fotografin Lee Miller am Kulturzenter « Am Duerf ». D’Lee Miller ass den 23. Abrëll 1907 an Amerika op d’Welt komm. 1925 ass si bei de Film komm a si huet als Model geschafft – e.a. hat si och fir de Fotograf Erward Steichen poséiert. Mee ganz séier huet dee Beruff si gelangweilt a si wollt léiwer op deer anerer Säit vun der Kamera stoen. Zu Paräis huet si beim Man Ray d’Handwierk geléiert. 1944/45 schafft si als Krichskorrespondentin fir déi britësch an amerikanësch Zeidung « Vogue ». Si huet do fotograféiert, wou de Krich eriwwer war, huet bombardéiert Stied an awer och KZer fotograféiert. Bei dienen Aarbéchten ass si och op Lëtzebuerg komm, a si huet véier Wochen zu Lënster gewunnt, an der Garer Stroos, bei der Famill vum Veterinär Wampach. Si huet zu Lënster an an der Géigend och eng Rei vu Fotoe gemaach, déi elo am Kultuzenter ausgestallt sinn. D’Lee Miller ass de 27. Juli 1977 u Kriebs gestuerwen.
Beim Vernissage huet d’Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn der Ministësch Octavie Moder merci gesot, datt dës Ausstellung op Lënster komm ass, an datt d’Leit elo d’Geleeënheet hunn, sech déi wäertvoll Biller unzekucken. Den Direkter vum CNA, Jean Back, ass op d’Liewe vum Lee Miller agaangen an hien huet hervirgehuewen, datt d’Fotografin als Krichsreporterin Propaganda fir d’Alliéiert gemaach huet a sech fir de Fridden an net fir de Krich agesat huet. D’Octvie Modert huet ënnerstrach, datt et wichteg ass, de Leit d’Zäitdokumenter, déi den CNA huet, méi no ze bréngen. A si sot, datt et och nëmmen normal ass, datt d’Fotoen do gewise ginn, wou se gemaach gouwen, wéi dat bei dëser Ausstellung de Fall ass.
Den CNA mécht en Appell un all déi Leit, déi d’Ausstellung kucke ginn, an déi nach iergend en Detail op enger Foto fannen, dien net am Buch, dat um Dësch lait, agedroen ass, an dat Hef, dat an der Ausstellung opläit, bei d’Copie vun deer respektiver Foto ze schreiwen.
Dës Ausstellung ass op bis de 14. Dezember, vu méindes bis freides vu 16 bis 18 Auer a samsdes a sonndes vu 14 bis 18 Auer ; de 26. November (Adventsmaart) ass d’Ausstellung op vun 11 bis 21 Auer. (dd)