D'Grondschoul vu Lënster iwwerreecht ee Scheck vu 24.237,98€

D'Kanner aus der Grondschoul vu Lënster sinn dëst Joer ganz motivéiert un de Start vun hirem Charity Run gaangen. Zesumme mat hirem Léierpersonal hunn si sech gutt präparéiert an hunn all Elteren, Frënn a Bekannter mobiliséiert fir si ze ënnerstëtzen. All Tour deen d'Kanner gelaf sinn ass mat engem Don belount ginn. An engem richteg flotte Kader hunn d'Kanner mat hirem Léierpersonal esou déi enorm d'Zomm vu 24.237,98 € op der Scheckiwwerreechung der Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerginn.