Vide Dressing Junglinster

14
Oct
2023
14 Oct

Wann Dir Äre Kleederschaf wëllt raumen an interesséiert sidd, Äert Gezei, Schong, Bijouen, Poschen, Bettwäsch asw. hei ze verkafen, da kënnt Dir Iech umellen iwwer:

vide.dressing.junglinster@gmail.com

den 24. September 2023 tëschend 19.00 an 20.00 Auer.

Mir huele keng Umeldunge virun dësem Datum un.

D’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. Wann zevill Leit sech umellen, gët geloust !!

De Präis fir 1 Dësch (1,40m x 0,70m) ass 12 €.